Ab dem 07/07 starte mer "richteg" an d'Clubowend-Saison an et leeft alles ënnert dem Prinzip vum CovidCheck of!

 

Fir ween ass de "Clubowend"?

 

De "Clubowend" ass fir jidderee geduecht: Member vum TC Nordstad oder net, Kompetitiounsspiller, Loisirspiller, absoluten Ufänger, Möchtegern-Profi...

 

Waat ass de "Clubowend"?

 

D'Ziil ass et dass d'Leit ee flotte Moment verbréngen, sief et well se Tennis spillen, eppes Guddes vum Grill iëssen, ee Patt drénken oder just mateneen diskutéieren. Alles därf een, näischt muss een.

 

Wéinie a wou ass de "Clubowend"?

 

Déi ganz Summersaison (01/05 bis 30/09) all Mëttwoch Owend ab 19h00 um Tennis-Site zu Ettelbréck!