Krabbelgruppe

Eis Krabbelgruppe riicht sech u Kanner vun 3-5 Joer an huet 2 Haaptobjektiver:


- de Kanner opspillereschAart a Weis Spaass um Tennis ze vermëttelen;
- de Kanner eng sportaartiwwergräifend motoresch Ausbildung mat op de Wee ze ginn.

D'Organisatioun an d'Duerchféierung vun deSeance lafen ënnert der Responsabilitéit vun eisem Trainer, Thomas Bleses, dee vu Jugendspiller vum Club assistéiert gëtt.

Dëst Konzept erlaabt et och ëmmer nees richteg Tennis-Trainingsgruppen ze forméieren - wann den Interessi besteet - an do direkt d'Kanner sou anzedeelen, dass etsouwuel vum Niveau hir wéi och vun de Sympathien hir passt, well den Trainer d'Kanner kennt an d'Kanner sech och ënnerenee kennen.

Den Training dauert 1 Stonn a fënnt Sonndes Moies zu Ierpeldéng/Sauer statt (9h00-10h00 oder 10h00-11h00 oder 11h00-12h00).