44. Tournoi HMC


05 August 2021

Fir dat 44. Joer hannerenee gëtt zu Ettelbréck um Site den 18/09/2021 ee Jux-Dubbeltournoi organiséiert vun dem den Erléis un d'Ligue HMC gespent gëtt.

Et gëtt alles gemëscht gespillt - Dammen, Hären a Mixte - an all Ekipp kritt ee Minimum vun 3 Matcher garantéiert. Am Virdergrond steet awer manner de kompetitive Gedanke wéi vill méi de Spaass an d'Loscht drun zesummen ee flotten Dag ze verbréngen. Fir Iessen a Gedrénks ass selbstverständlech gesuergt.

Dat Ganzt fënnt Samschdes den 18. September statt a start Moies um 10h00 an dauert bis ongeféier 17h00.
D'Umeldung leeft per Mail un no.flt.lu@gmail.com an d'Participatioun - déi sur Place ze bezuelen ass - kascht 10€ op de Kapp.

Mir freeën eis drop iech zuelräich deen Dag zu Ettelbréck ze gesinn.

affiche.pdf