Schnupperdag / Porte Ouverte 2024


13 April 2024

Schnupperdag um Tennis-Site zu Ettelbréck, Donneschdes den 9. Mee vun 9h30 bis 13h30.
(Zone commerciale et artisanale, rue Jean-Pierre Thill)
 
Kommt eise schéine Sport ausprobéieren, aleng oder mat der Famill an/oder Kollegen. Eis Trainer vun Tennis Solution stinn iech mat Root an Dood zur Säit.
 
Fir Animatioun rondrem den Tennis ass och beschtens gesuergt: Spillplaz, gratis Facepainting, Sprangschlass, Gedrénks a Gegrills...
 
Jiddereen ass wëllkomm - natirlech och Leit déi schon am Club sinn - an duerf ee flotten Dag bäi eis op den Tennis verbrénge kommen.
 
Mir freeën eis op iech!

flyer po tcn 2024 letz..pdf