Schnupperdag / Porte ouverte


18 August 2021

Gratis Tennis Schnupperdag fir jiddereen

De Samschden 11. September bidd den TC Nordstad vun 9h30 bis 16h00 ee gratis Tennis Schnupperdag op der Anlag zu Ettelbréck un.
(Am Fall vu schlechtem Wieder wäiche mer op d'Tennishal S.I.T. zu Ierpeldéng/Sauer aus)

Puer Tennistrainer sinn um Site fir mat all Interesséiertem eng Aleedung (a méi) an den Tennis ze maachen.

Fir Rahmeprogramm ass natirlech och gesuergt:

  • Facepainting (10h30 - 13h30)
  • Sprangschlass
  • Pool
  • Tennis-Torwand-Challenge
  • Barbecue a Gedrénks

D'Aschreiwung leeft iwwert de Formulaire op der Homepage www.tcnordstad.lu


Mir freeën eis drop iech op eisem Dag vun der oppener Dir kënnen ze empfänken.

flyer porte ouverte lëtz. + frz. new.pdf