Op een Opruff hin vum TC Ettelbréck am Joer 2014, hunn sech déi Responsabel aus de verschiddene Clib aus den (deemols) 6 Nordstad-Gemengen iwwert eng méiglech Fusioun ausgetosch.
No etlechen E-Mailen, Telefonsgespréicher an gemeinsamen Versammlungen ass et an enger éischter Phase "just" zur Fusioun vum TC Ierpeldéng mam TC Ettelbréck komm, wouraus Enn 2014 den TC Nordstad entstanen ass.
Obwuel Colmar-Berg op Gemengen-Niveau net méi zur Nordstad gezielt gëtt, huet sech den TC Colmar-Berg dem TC Nordstad am Joer 2019 ugeschloss.
Deemno verfügt den TC Nordstad aktuell iwwert 3 Tennis-Siten:
- Ierpeldéng: 2 Outdoor-Terrains (Terre battue) - 4 Indoor-Terrains (Slam Court)
- Ettelbréck: 4 Outdoor-Terrains (Terre battue)
- Colmar-Berg: 3 Outdoor-Terrains (Slam Court)
op deenen déi bal 300 Memberen kënnen dat ganzt Joer iwwer hirer Passioun nogoen.