TC Nordstad goes FLT Indoor 2022


14 March 2022

Déi lescht Woch hunn d'Landesmeeschterschaften zu Esch am CNT statt fonnt an den TC Nordstad wär mat 9 Spiller/inne vertrueden.
 
Ervir ze hiewen ass virun allem de Champions-Titel an der héchster Kategorie bäi den Dammen vum Erna Brdarevic, dat sech an der Final mat 5-7 6-1 6-3 géint d'Mila Savic duerchgesat huet.
 
Weider Champions-Titele ginn un de Victor Bourguignon an de Gaël Guyon.
 
De Victor huet mam Mila Savic den Dubbel Mixte 2.1 gewonnen, dëst an enger spannender Final géint seng Clubkomerodin Erna Brdarevic, dat mam Ben Felgen vum TC Husen gespillt huet. Resultat: 2-6 7/5 10/4
 
De Gaël huet am Hären-Dubbel 4.1 mat sengem Partner Finn Pauly d'Final kloer mat 6-2 a 6-4 géint d'Ekipp Ritz/Müller gewonnen.
 
Des Weideren wären 3 TC Nordstad Spillerinnen och an der hallwer Final am Dammen Dubbel vun der héchster Kategorie (Erna Brdarevic, Isabel Zuidberg, Anne de Bourcy).
 
All d'Resultater vun der Landesmeeschterschaft fannt der hei!
 
Gléckwonsch nach eemol un all d'Spiller/innen!!!