Ouschterstage 2023


13 October 2022

Den TC Nordstad geet vum 01/04/2023 bis den 08/04/2023 nees op den Ouschterstage.

D'Destinatioun ass den Ali Bey Resort Sorgun.
 
Den TC Nordstad bitt all de Leit déi matginn 2x pro Dag Tennis-Training un, mee jiddereen ass natirlech fräi ze wielen wéivill Tennis en all Dag spille wëll.
 
Nierft dem Tennis gëtt et nach ganz vill aaner Aktivitéits-Méiglechkeeten am Resort: Padel, Aquapark, Beachvolley, Fitness, Wellness, Plage, Piscine, ...
 
Bäi enger Umellung virum 20/10/2022 ass de Präis vu maximal 1150€ garantéiert. An dem Präis mat dran sinn de Vol vum Findel aus, den Tennistraining (fir lizenzéiert (!) Spiller/innen vum TC Nordstad), 7 Iwwernuechtungen all-inklusiv an engem 5 Stären Hôtel, ...

Umellung per Mail op no.flt.lu@gmail.com

affiche-landscape.pdf