FLT Masters 2022 by Cardif Lux Vie


16 November 2022

Den TC Nordstad ass mat insgesamt 6 Spiller um FLT Masters 2022 by Cardif Lux Vie vertrueden.
Just den Tennis Spora huet méi Vertrieder (9). Den TC Arquebusiers an den TC Howald kommen op jeweils 5 Vertrieder.
 
D'Titelambitiounen sinn natirlech bäi de grousse Stadter-Clib anerer wéi beim TC Nordstad, mee trotzdem ass et flott souvill Spiller a Spillerinnen do um Start ze hunn.
 
Schon elo kann ee virun allem d'Hallefinal vum Victor Bourguignon am Dubbel ervirsträichen, sou wéi d'Final vum Erna am Dubbel. D'Erna huet och nach d'Maiglechkeet sech am Haapttableau am Simple an d'Halleffinal (oder méi wäit) ze spillen.
 
De Live-Stream vum Masters fannt der hei!
 
All d'Resultater ginn et hei!