FLT Masters 2021 by Cardif Lux Vie


13 November 2021

Nodems d'Erna an d'Isabel de Mëttwoch fir d'Sensatioun gesuergt hunn mat hirer 4/6 6/4 10/7 Victoire géint d'Topfavoritinnen Claudine Schaul/Tiffany Cornelius, spillen déi 2 haut an der Final vum FLT Masters 2021 fir den Titel géint d'Nummer 2 vun der Setzlëscht Tatiana Silbereisen/Kylie Merlevede. Dest um 17h30 um CNT zu Esch/Lalléng.
 
De ganzen TC Nordstad dréckt natirlech d'Daumen an ass onofhängeg vum Resultat vun haut scho ganz houfrëg op seng 2 Spillerinnen.